5. Spilldag am Härebasket: Sparta-Zolver 90:81, T71-Steesel 77:80, Musel Pikes-Contern 54:56, Walfer-Miersch 82:78, Etzella-Basket Esch 83:65.

D'Sparta louch praktesch dee ganze Match iwwer vir, an der Paus mat 51 op 38. Um Enn hunn déi Bartrénger 90:81 gewonnen.

Ganz enk waren d'Partien um Samschdeg.

Den T71 huet doheem 77:80 géint Steesel verluer.

D'Musel Pikes fir hiren Deel hu knapp doheem 54:56 géint Contern de Kierzere gezunn.

Spannend war et och bis zum Schluss zu Walfer wou sech d'Lokalequipe um Enn 82:78 géint Miersch duerchsetze konnt.

D'Sparta an d'Etzella leien weiderhin punktgläich un der Tabellespëtz.