Football: De Mario Mutsch ass an der Vakanz bei senger Famill an der Belsch a weess selwer net, wéi et no der Wanterpaus mat senger Carrière weider geet.

De Lëtzebuerger Footballnationalspiller Mario Mutsch kënnt och an der Wanterpaus net zu Rou. D'Stëmmung tëscht der FIFA an sengem Schwäizer Veräi Sion gëtt och iwwert d'Feierdeeg net méi besënnlech. D'Tania Smaniotto huet beim Mario Mutsch nogefrot, wéi hien seng sportlech Zukunft gesäit.

De Mario Mutsch ass am Moment an der Vakanz bei senger Famill an der Belsch a weess selwer net, wéi et no der Wanterpaus mat senger Footballscarrière weidergeet. Et ass weider onkloer, ob hien elo am neie Joer däerf fir Sion spillen oder net.

De Mario Mutsch fënnt et awer och net an der Rei, dass d'FIFA wéinst der Transfertproblematik zu Sion elo dem Schwäizer Verband eventuell wëll spären. Et gesäit awer esou aus, wéi wann d'Story „Sion- FIFA“ nach net esou séier eriwwer wier. De fréiere Spiller vu Metz leeft d'Zäit elo e bësse fort. Wa seng Zukunft zu Sion ongewëss ass, well hien sech direkt ufanks Januar ëmkucken.

De Mario Mutsch ass deemno an enger schwiereger Situatioun. Wa säi Veräin eng valabel Lizenz fir hie kritt, ass seng Zukunft méi wéi wahrscheinlech zu Sion garantéiert. Gëtt de Mario Mutsch awer nees gespaart, muss hien um Transfertmarché aktiv ginn. Mä dat kann et awer nach e bësse méi komplizéiert ginn. Mä da gëtt et eventuell awer nach een Hoken un der Saach. Léisst Sion de Mario Mutsch fräiwëlleg goen, ass säi Kontrakt dann ongülteg oder net? Froen iwwer Froe mat bis elo kengen Äntwerten.