D'SPD wëll d'Verméigenssteier nees aféieren. Wéint der staatlecher Finanzsituatioun solle Leit, déi ee grousst Verméigen hunn, méi Steieren bezuelen.

Do geet kee Wee dru laanscht, sot den zweete Mann vun der SPD-Fraktioun, den Joachim Poss an engem Interview mat der "Osnabrücker Zeitung".

De Poss huet och de Finanzminister Wolfgang Schäuble opgefuerdert kloer ze soen, datt et fir Steiererliichterungen wéi vun der FDP gefuerdert, kee Spillraum gëtt.

Donieft wëll d'SPD méi streng Mesurë géint déi Leit, déi Steieren hannerzéien.