Esou reagéiert de Gewerkschaftler op de Wiessel am Aarbechtsministère, nodeems de Georges Mischo demissionéiert huet. De President vum LCGB Patrick Dury an de Marc Spautz si fréier Aarbechtskolleegen: “De Marc Spautz war jorelaang mäi Chef als Generalsekretär am LCGB. Ech mengen hie kennt d’Gewerkschaftszeen gutt, hie kennt d’Patronen och gutt, hie kennt d’Matière vum Aarbechtsrecht och ganz gutt an ech menge mir erwaarden eis vun him vill méi eng konstruktiv Approche wéi déi, déi mer déi lescht Joren do erlieft hunn.”
Et géif allerdéngs keen Automatismus fir d’Union syndicale, fir nees zréck un den Dësch vum Comité permanent du Travail et de l’emploi ze goen, esou de Patrick Dury. Zanter de Sozialronnen huelen d’Gewerkschaften do net méi un den Dräierronnen zesumme mat Regierung a Patronat Deel. Dofir missten als éischt eng Rei Konditiounen erfëllt sinn.
Trotzdeem gëtt et e gewëssen Erwaardungsdrock vis-à-vis vum Marc Spautz. De Patrick Dury zielt eng Rutsch Dossieren op: “Mat där neier Direktiv sinn d’Mindestléin hei am Land net héich genuch. Déi missten opgebessert ginn. An natierlech, mir erwaarden eis iwwert d’Aarbechtszäitorganisatioun, d’Mindestléin, d’Digitalisatioun, d’Intelligence artificielle, do erwaarde mir eis natierlech Diskussioune mat dësem Aarbechtsminister, wéi gesot, fir do Léisungen auszeschaffen. Et ass dréngend néideg, well mir hu ganz vill Zäit hei am Land verluer.”