Nodeem sech d'Parteien, mä och soss vill Acteuren aus der Zivilgesellschaft positionéiert hunn, maachen dat elo och eng 50 Leit aus Wirtschaftskreesser.

De Countdown leeft a steet op Minus 4 – a 4 Deeg also gi mer am consultativen Verfassungsreferendum e Sonndeg eis Stëmm dozou of, op wéi engen 3 Punkten d'Verfassung méiglecherweis geännert an ergänzt gëtt.

Nodeem sech jo ewell natierlech d'Parteien, mä och soss vill Acteuren aus der Zivilgesellschaft positionéiert hunn, maachen dat um Mëttwoch och eng 50 Leit, déi zum gréissten Deel an der Wirtschaft aktiv sinn: dozou gehéieren  Norbert Becker, Laurent Schonckert, Paul Helminger, Alain Kinsch oder och Christiane Wickler a Maria Dennewald.

Dës Persounen signéieren mat hirem Numm eng Campagne, déi um Mëttwoch op ganzsäitegen Annoncen an der geschriwwener Press publizéiert gëtt.

Heiranner plädéieren Si fir de JO fir d'Awunnerwahlrecht, wat eng Chance fir d'Land géif bedeiten.

Eng dach ongewinnt Aart a Weis vu Mobiliséierung aus Lëtzebuerger Wirtschaftskreesser deemno.

RTL