E Méindeg den Owend hunn CSV an LSAP de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen: Buergermeeschter fir CSV, 1. Schäffe fir LSAP, 2. Schäffe gëtt gedeelt.

Kielen hat jo bis elo e roude Buergermeeschter, de Guy Scholtes. Ma d'LSAP hat awer zerguttstert bei de Wahle verluer, an d'CSV hat liicht bäigewonnen, esou datt déi elo op 5 an d'LSAP nach just op 3 Sëtz kënnt.

D'Koalitioun gëtt awer weidergefouert, just eben ënner ëmgedréite Virzeechen: D'CSV ass elo dee grousse Partner an d'LSAP ass Juniorpartner.

Neie Buergermeeschter gëtt also de Félix Eischen, éischte Schäffen de Guy Scholtes.

De Poste vum zweete Schäffe geet elo mol un de Lucien Koch, CSV, am Laf vun der Legislaturperiod iwwerhëlt d'LSAP en dann.

Wahlen Resultater