Zu Jonglënster wëllen d'CSV an d'DP déi nächst 6 Joer zesummeschaffen. Dat hunn déi zwou Parteien um Dënschdeg den Owend decidéiert.

Déi gréisste Gemeng am Osten - Jonglënster - gëtt an Zukunft vu Schwaarz-Blo regéiert.

Buergermeeschter bleift de Romain Reitz, CSV. D'DP stellt ee Schäffe mam Deputéierte Gilles Baum. D’Françoise Hetto, fréier CSV-Ministesch an aktuell Deputéiert, iwwerhëlt deen zweete Schäffeposten.

Zu Lënster bleift de Romain Reitz Buergermeeschter. Nei an d'Koalitioun mat der CSV kënnt d'DP. Déi Gréng bleiwen an der Oppositioun, genee wéi d'LSAP, déi bei de Wahle 7 Prozent an ee Sëtz verluer hat.

D'Comitéë vun CSV an DP Jonglënster hu sech en Dënschdeg den Owend drop gëeenegt, datt exklusiv mateneen iwwert de Programm verhandelt gëtt. E Mëttwoch fänken déi Gespréicher un.

D'CSV hat och Diskussioune mat deene Gréngen, mä huet sech also fir eng "grouss Koalitioun", eng "Groko", zu Lënster decidéiert.

Zesumme kommen CSV an DP op 9 vun den 13 Sëtz.

Aktuell gëtt et zu Lënster jo eng schwaarz-rout Majoritéit. D'LSAP hat bei de Wahlen ee Sëtz verluer a kënnt nach just op 2, d’CSV hat ee gewonnen a kënnt elo op 5; schonn um Wahlowend stoung fest, datt déi Koalitioun eriwwer wier.

Déi Blo si bei 4 Sëtz bliwwen. Déi Gréng hunn hir 2 behalen.

Déi nei Majoritéit kéim also am Ganzen op 9 vun 13 Sëtz.

Wahlen Resultater