Zu Miersch gëtt d'Koalitioun DP-CSV déi nächst 6 Joer weidergefouert, dëst mam Michel Malherbe als Buergermeeschter.

1. Schäffe gëtt de Michel Reiland vun der CSV. De Poste vum 2. Schäffen deele sech den Abby Toussaint (CSV) an den Henri Krier (DP). Den Abby Toussaint iwwerhëlt dee Poste vun 2017 bis 2019, den Henri Krier vun 2020 bis 2023.

Bei de Gemengewahlen hat d'CSV ee Sëtz derbäi gewonnen a kënnt op 4 Sëtz. D'DP bleift mat 5 Sëtz déi stäerkste Partei. Déi Gréng haten 1 Sëtz verluer (3) an d'LSAP bleift bei engem Sëtz.

Wahlen Resultater