E Samschdeg war d’RTL-Team vun 10 bis 13 Auer op der Plaz "Am Duerf" zu Diddeleng. D'Emissioun - geschwënn - am Replay.

Um Programm stoungen: Table ronde, Diskussiounen, Animatioun, Musek, gutt Stëmmung an en RTL-Gewënnspill.

AUDIO: 06/10/2018 Background Spezial Walen: SÜDEN
VIDEO: RTL-Wal-Tournée mam Background Spezial Walen "Süden"
"Am Duerf" hu 7 Politiker geschwat iwwer Identitéit, Integratioun, Lëtzebuerger Sprooch an Educatioun.

De Programm zu Diddeleng

  • 10-12 Auer: RTL Weekend - Live um Terrain mam Christiane Kremer a Mike Fandel

Déi lescht Weekend-Ronn koum aus dem Walbezierk Süden. Mir hunn eis gemellt vun Diddeleng, wou de Weekend d'Fête des cultures gefeiert gëtt. Mir hunn italienesch gekacht, mat den Zolwer Spatze fir de 50. Gebuertsdag gesongen, e Buch iwwer den Thierry van Werveke virgestallt an am Film vun der Woch si mer der Lady Gaga begéint, dat am Film "A star is born"... en Titel, deen och gutt op den F91 passt, well iwwer Futtball gouf och geschwat! Dat alles e Samschdeg tëscht 10 an 12, vrun der politescher Table ronde.

  • 12-13 Auer: Background am Gespréich, Spezial “Walen 2018” mam Corinne Folscheid a Claude Zeimetz

Identitéit, Integratioun, Lëtzebuerger Sprooch an Educatioun. Wéi stinn d'Parteien am Wahlkampf an d'Kandidaten aus dem Süden dozou? Dat war déi grouss Fro op der Table Ronde zu Diddeleng.

Der Lëtzebuerger Sprooch géif et gutt goen, esou wäit näischt Neies vun de Regierungsparteien. An op engem Punkt ware sech déi Meescht eens: Lëtzebuergesch wier ee wichtegen Deel vun der Integratioun, misst weider gestäerkt ginn, awer ouni datt d'Méisproochegkeet vernoléissegt gëtt.

D'ADR mam Fernand Kartheiser wéilt awer esou wäit goen, d'Aarbechtskontrakter un Sproochecoursen ze bannen. Den Ali Ruckert vun der KPL war skandaliséiert. Donieft géifen et net genuch Course ginn an d'Betriber missten de Sproochecoursen méi Plaz ginn.

D'Fro vun der Participatioun vun de Bierger un der Politik an dem Auslännerwahlrecht koum och op den Dësch. Do huet de grénge Felix Braz ënnert anerem proposéiert, datt jiddereen, deen an enger Gemeng ugemellt ass, misst d'office fir d'Gemengewahle wiele goen.

A Punkto Educatioun krut de Minister Claude Meisch Kritik vum CSV-Politiker Marc Spautz. Den Educatiounsminister hätt e bëssi een Duerchernee gemaach an d'Enseignanten net genuch matagebonnen.

Déi Lénk stellen dogéint de ganze System a Fro a plaidéiere fir eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch an eng Gesamtschoul als Mëttel géint Ongläichheeten.

VIDEO: RTL-Wal-Tournée mam Background Spezial Walen "Süden"
"Am Duerf" hu 7 Politiker geschwat iwwer Identitéit, Integratioun, Lëtzebuerger Sprooch an Educatioun.

D’Invitéë vun dëser Table ronde waren: Felix Braz (déi gréng), Myriam Cecchetti (déi Lénk), Georges Engel (LSAP), Fernand Kartheiser (ADR), Claude Meisch (DP), Ali Ruckert (KPL) a Marc Spautz (CSV).

Um Waldag


Um Walsonndeg, de 14. Oktober si mir op RTL Télé Lëtzebuerg, RTL Radio Lëtzebuerg an RTL.lu de ganzen Dag fir Iech um Dill an halen Iech iwwer all wichteg Evolutioun am Land um Lafenden.

Dir wëllt matdiskutéieren? Dann notzt op Facebook an op Twitter eisen #RTLwalen18

D'RTL-Wal-Tournée am Replay

De 15. September ware mir op der Maartplaz zu Iechternach. Do hu matdiskutéiert: Carole Dieschbourg (déi gréng), Lex Delles (DP), Adela Fuentes (déi Lénk), Françoise Hetto-Gaasch (CSV), Roby Mehlen (ADR) an Nicolas Schmit (LSAP).

Den 22. September ware mir um Bottermaart zu Dikrech. D’Invitéë vun dëser Table ronde waren: Jeff Engelen (ADR), Marc Hansen (DP), Martine Hansen (CSV), Karin Meyer (déi Lénk), Romain Schneider (LSAP) a Claude Turmes (déi gréng).

Den 29. September ware mir um Knuedler an der Stad. D’Invitéë vun dëser Table ronde waren: Lydie Polfer (DP), Francine Closener (LSAP), Ana Correia Da Veiga (déi Lénk), Roy Reding (ADR), Sam Tanson (déi gréng), Sven Clement (Piraten) a Serge Wilmes (CSV).