De Live-Debat war e Freideg de Mëtteg tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg. Hei d'Diskussioun am Replay.

AUDIO: Resumé Table ronde Sport / Reportage Rich Simon

Am Kader vun de Chamberwale gouf et op Radio Lëtzebuerg och eng speziell Table ronde, wou just iwwer de Sport geschwat gouf: Wéi gesäit et mam Schoulsport zu Lëtzebuerg aus? Wéi kann een de Benevolat méi attraktiv maachen? Wéi steet et ëm déi sportlech Infrastrukturen a wéi vill Sue sti fir de Sport zu Verfügung?

Doriwwer hunn e Freideg de Mëtteg tëscht 12 an 13 Auer beim Rich Simon a Franky Hippert Vertrieder vu 6 Parteien diskutéiert. Folgend Politiker hunn un der Table ronde deelgeholl:

CSV: Nancy Kemp-Arendt
Déi Gréng: Josée Lorsché
LSAP: Romain Schneider
DP: Claude Lamberty
ADR: Roy Reding
Déi Lénk: Gary Diderich

D'Themen, déi ugeschnidde goufen, waren:

1) Sport bei deene Klengsten / Schoulsport
2) Héichleeschtungssport
3) Benevolat
4) Infrastrukturen
5) Finanzen

AUDIO: Table ronde: 6 Parteien hunn iwwert de Sport diskutéiert

Déi nei Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.