E Freideg den Owend waren d'Spëtzekandidate vun 8 Parteie beieneen, fir aus hirer Siicht de Bilan ze zéien.

AUDIO: Resumé vun der Table Ronde / Reportage Nadine Gautier

Et war phaseweis eng ganz animéiert Debatt e Freideg den Owend. Eng Diskussiounsronn, wou déi eng méi present waren wéi déi aner, a wou sech d'Politiker vun den eenzele Parteie näischt geschenkt hhunn. D'Reproche vu verschiddenen un déi aner: si géifen de Leit net nolauschteren, si wiere realitéitsfriem.

VIDEO: Walen 2018: Table Ronde
Eng Table Ronde

D'Politiker si sech an d'Wuert gefall, een huet versicht méi haart ze sinn, wéi säi Kontrahent. Eppes wat sech wéi ee roude Fuedem duerch den Debat gezunn huet. Villäicht läit dat un der Nervositéit fir e Sonndeg? A wat geschitt nom Sonndeg, wie wëll do mat wiem zesumme schaffen? Do géif een d’Programmer analyséieren an duerno eréischt eng Decisioun huelen, huet de Premier Xavier Bettel gemengt.

Konkretes war also net erauszekréien. Fir den Etienne Schneider vun der LSAP ginn et zwou Alternativen: Gambia oder eng Koalitioun tëscht CSV, wann déi gewënnt, mat enger vun den anere Parteien.

D’Parteie vun dëser Regierung wiere net méi domadder beschäftegt, fir ze kucken, nees zesummen eng Regierung ze forméieren, mee mat der CSV ze liebäugelen, huet de Gast Gibéryen vun der ADR op senger Säit gemengt.

Zwar huet Blo-Rout-Gréng déi lescht 5 Joer zesummen d’Land regéiert, ma de Premier Xavier Bettel huet awer ënnerstrach: d’Regierungsparteie sinn net fusionéiert.
 
Fir d’Bierger huet dës Walcampagne den Androck villäicht vermëttelt, datt se schwéier un d’Rulle koum. Dat ass well d’Politiker net openee lassgoungen. Et geet och net drëms, datt deen een op deen anere klappt, esou de grénge Minister François Bausch. De Premier Xavier Bettel schwätzt vun enger fairer Campagne. Op eng Schlammschluecht hätt ee bewosst verzicht, huet de Claude Wiseler vun der CSV erkläert.

Mat um Dësch souzen:

Xavier Bettel vun der DP
Etienne Schneider vun der LSAP
François Bausch vun déi Gréng
Claude Wiseler vun der CSV
Gast Gibéryen vun der ADR
David Wagner vun déi Lénk
Ali Ruckert vun der KPL
Sven Clement vun de Piraten