Duerch d'Hackerattack a Mecklenburg-Vorpommern koum et e puer Woche laang zu Aschränkungen. Fir eng Partie Bierger hat dëst Suitten, déi hinne gefall hunn.

Ronn 3.000 Automobilisten, déi ze séier ënnerwee waren, koumen ouni Strofen dervun. D'Prozeduren zu de geblëtzte Chauffere wiere verfall, well de Landkrees d'Donnéeën net verschaffe konnt an d'Delaien iwwerschratt goufen, confirméiert e Spriecher en Donneschdeg.

Betraff wier den Zäitraum vu Mëtt Oktober bis zum Schluss vum Joer 2021. An där Zäit hätt een d'Donnéeë vun de Chaufferen net kënnen opruffen a kee Kontakt zum "Kraftfahrt-Bundesamt" hierstelle kënne. Bei der Ransomeware-Attack ware Servere vun der Schweriner IT- a Servicegesellschaft an dem Kommunalservice Mecklenburg duerch eng Software deelweis verschlësselt ginn. No der Hackerattack waren déi meescht Systemer erof- an eréischt no an no erëm eropgefuer ginn.

Ma net just d'Chaufferen, déi protokolléiert hätte sollte ginn, ware vun der Hackerattack betraff. Iwwer Woche konnt de Landkrees Ludwigslust-Parchim keng Coronazuelen un d'Robert-Koch-Institut iwwermëttelen. Dowéinst war dee Landkrees op der Corona-Däitschlandkaart vum RKI als groe Fleck opgedaucht. Och sëllege Servicer fir d'Bierger ware vun der Attack betraff.

Wie fir d'Hackerattack responsabel ass, ass net gewosst. Dem Parquet vu Rostock no gouf d'Software "DeepBlueMagic" agesat, déi Krimineller och scho bei fréieren änlechen Attacken an Däitschland benotzt haten.