An den USA ass een "Captain America"-Comic fir ëmgerechent ronn 2,86 Milliounen Euro ënnert den Hummer komm.

Iwwert de Keefer ass iwwerdeems awer näischt gewosst. D'Heft wier an engem gudden Zoustand gewiescht, wéi d'Auktiounshaus Heritage Auctions zu Dallas am US-Bundesstaat Texas matgedeelt huet. Um Titelbild vum Comic aus dem Mäerz 1941 ass ze gesinn, wéi de Captain America dem Adolf Hitler e Coup an d'Gesiicht gëtt.

Dat deierste Comic-Heft, dat jee verkaaft ginn ass, stoung am September 2021 zur Auktioun. Deemools hat een "Spider Man"-Comic aus dem Joer 1962 säi Keefer ganzer 3,6 Milliounen Dollar kascht. Och am leschte Joer ass d'"Superman"-Heft "Action Comics No. 1" aus dem Joer 1938 fir 3,25 Milliounen Dollar versteet ginn.