Eng Amerikanerin hat besonnesch vill Gléck beim Choix vun hirem Rubbellous. Aus engem klenge Mëssel ass e Lottogewënn vun 10 Milliounen US-Dollar ginn.

D'LaQuerda Edwards wollt sech grad e Rubbellous un engem Glécksspillautomat kafen, wéi si vun enger friemer Persoun ugerempelt gouf. Aus Versinn huet si e Knäppche gedréckt, dee si eigentlech net drécke wollt.

Esou huet si hir 40 US-Dollar an e grousse Lous investéiert, obwuel si sech eigentlech fir e puer méi kleng Schäiner decidéiere wollt, mellt "KABC-TV". Si war méi wéi erstaunt doriwwer, wat hir grad geschitt war. Net just, dass si grad vun engem ugerempelt gouf, mä och well si e Groussdeel vun hire Sue fir een eenzegen Ticket ausginn hat.

Zréck bei hirem Auto huet si ugefaangen, den Ticket fräizekrazen. Ma wat si du gesinn huet, konnt si bal net gleewen. Hire Rubbellous huet den Haaptgewënn ugewisen - ganzer zéng Milliounen US-Dollar. "Ech konnt et fir d'éischt net gleewen. Ech war schonn op der Strooss an hu mir den Ticket ëmmer rëm ugekuckt, bal hätt ech an Accident gebaut", erzielt déi glécklech Gewënnerin. "Alles wat ech geduecht hu war: Ech si räich!" Vun de Sue wëll si sech elo en Haus kafen an eng Hëllefsorganisatioun grënnen.