Verzicht een éischter op ongesond Iessen, wann ee gesäit, wéi vill Kalorien een zou sech hëlt? Dat gëtt sech mol duerch en neit Gesetz erhofft.

Groussbritannien huet dem Iwwergewiicht de Kampf ugesot. Eng Partie Restaurante mussen nämlech zanter e puer Deeg Kaloriëwäerter an hire Menüskaarten uginn. E Gesetz, dat net bei jidderengem gutt ukënnt.

Restauranten, Caféen a Bistroen, déi iwwer 250 Mataarbechter zielen, si verflicht, Informatiounen iwwert d'Kalorien nieft d'Platen ze schreiwen, sou dass d'Clientë gesinn, wéi gesond, respektiv ongesond hir Moolzecht ass. Och op den Internetsäite vun de jeeweilege Lokaler ass dat obligatoresch.

Lescht Joer gouf dat neit Gesetz gestëmmt. Hannergrond war, datt besonnesch fettleiweg Leit am Fall vun enger Corona-Infektioun e méi grousse Risk fir schwéier oder déidlech Verleef hätten. A Groussbritannien si bal 63% vun allen Awunner fettleiweg oder iwwergewiichteg.

Kritik gëtt et allerdéngs um neie Gesetz, well net tëscht gesonden an ongesonde Kalorien ënnerscheet gëtt, wéi zum Beispill dësen Tweet weist.

Zu engem gesonde Liewensstil gehéiert méi wéi just Kalorien zielen. E weidere Kritikpunkt, deen heefeg an de sozialen Netzwierker erwäänt gëtt, ass, datt dëst Gesetz en negativen Afloss kéint op Mënschen hunn, déi ënnert Iessstéierunge wéi Bulimie leiden. Déijéineg, déi an hirem Kapp stänneg e Kampf ma Kalorië féieren, géingen elo nach méi domat konfrontéiert ginn.