Matten an der Nuecht op en Dënschdeg gouf et op der Autobunn eng gewalteg Detonatioun. En Onbekannten hat probéiert, de mobille Blëtzer ze zerstéieren.

An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg hat en Zeien der Police déi staark beschiedegt Radar-Remork géint 3.41 Auer gemellt. De Chauffer wier mat sengem Auto bal iwwer gréisser Stécker gefuer, déi duerch d'Sprengkraaft op der Fuerbunn louchen.

Duerch d'Kraaft vun der Explosioun gouf déi mobil Vitessmiessanlag deemno e puer Meter duerch d'Loft an Deeler dovu souguer op d'Géigefuerbunn geschleidert. De Knall war wuel esou haart, datt souguer nach e puer Kilometer weider Awunner aus dem Schlof gerass goufen, mellt de WDR. Den Unhänger souwéi d'Festplack vum Blëtzer konnten allerdéngs vun der Police séchergestallt ginn. Woumat den Apparat gesprengt gouf, konnten d'Beamte virop net matdeelen. Eng Enquête gouf lancéiert.

D'Ermëttler erhoffe sech elo, duerch d'Auswäerte vun de Biller vum Radar dem Täter op d'Spuer ze kommen. Als Motiv fir d'Dot kënnt Frust iwwert d'Erwëscht ginn bei ze héijer Vitess méiglech. Gläichzäiteg kann awer rénge Vandalismus net ausgeschloss ginn. D'Poliziste schätzen de Schued op méi wéi 10.000 Euro.