De Mann hat am Mäerz e Rubbellous kaf, hat sech awer net bei der belscher Nationallotterie gemellt fir säi Gewënn sichen ze goen. Lo ass gewosst firwat.

An der Belsch huet en 28 Joer ale Mann aus Algerien 250.000 Euro an engem Rubbelspill vun der belscher Nationallotterie gewonnen. Eenzegen Hoken un der Saach, de Mann ass illegal am Land an esoulaang hie seng Identitéit net noweise kann, kritt hie säi Gewënn net ausbezuelt. Den Ament ass de Billjee vum Mann an den Hänn vun der Justiz.

Dräi Kolleege vun him hate probéiert d'Suen a senger Plaz ze recuperéieren. Si goufen doropshi wéinst Vol verdächtegt an hunn eng Nuecht am Prisong misste verbréngen. Den Affekot vum 28 Joer alen Algerier sot, et wier een elo amgaangen all d'Dokumenter zesummen ze sichen, fir d'Identitéit vu sengem Client kënnen nozeweisen. De Mann selwer seet, hien hätt net wëlles an der Belsch Asyl ze froen an d'Autoritéiten hunn him versprach, datt en net ouni säi Gewënn iwwert d'Grenz gesat gëtt.