D'Feier, dat virun dräi Joer déi berüümte Paräisser Kathedral Notre-Dame bal komplett zerstéiert hat, huet och vill Vergiessenes zum Virschäi bruecht.

Ee vun de mysteriéise Géigestänn, déi nom Feier fonnt goufen, ass ee Sarkophag aus Bläi. Bei de Preparatiounsaarbechte fir d'Rekonstruktioun vum Kierchtuerm gouf leschte Mount ee gutt erhalene Sarkophag ronn ee Meter ënnert dem Buedem fonnt. E war ëmgi vu gemauerte Réier, déi am 19. Joerhonnert als Heizungssystem genotzt goufen.

Archeologen huelen awer un, datt de Sarkophag vill méi al ass - méiglecherweis souguer aus dem 14. Joerhonnert. Mat enger Endoskopescher Kamera hate Fuerscher schonn ënnert den Deckel vum Sarkophag geluusst an do ënnert anerem den ieweschten Deel vun engem Skelett, Blieder, Stoff an aneren Objete gesinn.

"Wann et sech erausstellt, datt de Sarkophag tatsächlech aus dem Mëttelalter ass, dann hu mer et mat enger extreem seelener Aart vu Begriefnes ze dinn", esou de Christophe Besnier, den d'Team un Archeologen uleet.

De Sarkophag soll elo op Toulouse geschéckt ginn, wou forensesch Experten d'Skelett an d'Géigestänn, déi sos nach am Sarkophag fonnt ginn, ze ënnersichen a genee ze datéieren. Fuerscher hoffen och, méi iwwert déi sozial Schicht erauszefannen, zu där den Doudege gehéiert huet. Ob de Sarkophag duerno nees an der Kathedral vun Notre-Dame ka bäigesat ginn, muss nach gepréift ginn.