Mataarbechter vun der Fluchsécherung hunn e Sonndegmëtteg Alarm geschloen, well si e Géigestand am Gepäck vun engem Passagéier net identifizéiere konnten.

Geleeëntlech stousse Beamte vun der Fluchsécherung op skurril oder geféierlech Géigestänn am Gepäck vu Passagéier. Allerdéngs kënnt et just seele vir, dass e Fluchhafe muss evakuéiert ginn. Dat war allerdéngs e Sonndeg de Mëtteg zu Boston an den USA de Fall.

Um Röntgenbild konnte Mataarbechter vun der Fluchsécherung net erkennen, wéi ee Géigestand ee Passagéier a sengem Koffer dobäi hat. Wéinst dem Verdacht, dass iergendeen eng Bomm dobäi hätt, gouf e Bommenentschäerfungsteam geruff.  Ma och dem Bommenentschäerfungsteam ass et net gelongen, de Géigestand z'identifizéierten. Eréischt nodeems de Géigestand genau ënnert d'Lupp geholl gouf, huet sech erausgestallt, dass et sech ëm eng Playstation gehandelt huet. Se war allerdéngs zimmlech ramponéiert, huet e Spriecher vun der Police "The Hill" matgedeelt.

Eng gutt Nouvelle fir d'Sécherheet vun de Leit, eng schlecht fir gestresste Passagéier. De ganzen Terminal huet missen evakuéiert ginn. Verschidde Leit, déi esouguer schonn u Bord vun enger Maschinn waren, hu missen den Terminal A verloossen. No enger Stonn duerfen d'Mataarbechter a Passagéier nees zeréck.