Bannent puer Wochen huet eng Schwammschoul zu Yokosuka iwwer 4.000 Kubikmeter Waasser verbraucht. D'Resultat war eng gepeffert Rechnung.

En Enseignant huet sech vu frëschem Waasser e wierksame Schutz géint eng Corona-Infektioun versprach. Dowéinst huet hien de Krunn wärend zwee Méint ronderëm d'Auer lafe gelooss, also vun Enn Juni bis Ufank September 2021. Aner Schwammproffen haten de Krunn e puer Mol zougedréint, ma ee vun de Proffen huet d'Waasser ëmmer nees lafe gelooss. D'Folleg war eng Waasserrechnung an Héicht vu 25.000 Euro.

Op dës Manéier huet d'Schwammschoul südlech vun Tokio méi wéi 4.000 Kubikmeter Waasser verbraucht, also 11 Mol sou vill, wéi an de Baseng passt. Wéi "Kojiri" mellt, wollt sech de Proff bei der Waasserqualitéit net op de Filtersystem an de Chlor verloossen. Vill méi hätt hie sech an de Kapp gesat, dass déi ganzen Zäit misst neit Waasser an de Baseng lafen an dat viru Corona schütze géing.

Déi betraffe Persoun an zwee vu senge Responsabele goufen elo opgefuerdert, d'Hallschent vun der deierer Waasserrechnung aus eegener Täsch ze bezuelen.