Hien ass selwer ernannte Wellness-Guru a zu Bali elo Persona non grata: Den Jeffrey Craigen soll d'Insel verloossen. De Problem: säin Impfstatus.

De Schauspiller a selwer ernannte Wellness-Guru Jeffrey Craigen hat sech dobäi gefilmt, wéi hien um Vulkan Batur en Haka -  e rituellen Danz vun de Maori aus Neiséiland - opgefouert huet. De Video huet hien dunn am Internet publizéiert. No sëllege Reklamatioune gouf hien e Méindeg festgeholl a verhéiert. Elo soll de Kanadier expulséiert ginn.

Wéi déi indonesesch Autoritéite matdeelen, wëll awer keng Fluchgesellschaft hie mat huelen, well hien net géint de Coronavirus geimpft ass. Net eng eenzeg Airline wier bereet, hie matzehuelen, sot e Spriecher vun der Immigratiounsautoritéit.

Den Jeffrey Craigen war Enn 2019 als Tourist an Indonesien agereest, fir alternativ Heelmethoden fir Osteoporos ze léieren. Eegenen Aussoen no soll hien net gewosst hunn, datt de Batur vu ville Mënschen zu Bali als hellege Bierg ugesi gëtt. De Chef vun der Immigratiounsagence huet an dem Kontext un all auslännesch Visiteuren appelléiert, "d'Gesetzer an d'Kultur vu Bali ze respektéieren".

D'lescht Joer ware bal 200 Touristen zu Bali expulséiert ginn. Dat ënnert anerem, well si géint Corona-Mesurë verstouss haten. Virun allem hat am Mee de Fall vun enger russescher Influencerin an engem taiwanesche YouTuber fir Diskussioune gesuergt: An engem Video, deen d'Koppel publizéiert hat, war ze gesinn, wéi d'Fra mat engem opgemoolte Mond-Schutz an e Supermarché gaangen ass. No deem Skandal hunn déi zwee d'Insel misse verloossen.