Den 12 Joer alen Thomas aus Groussbritannien hat e Bréif an e Konvoi mat Hëllefsgidder geluecht, deen an d'Ukrain gefuer ass a krut eng Äntwert.

Am Bréif, deen un den "beschte President" adresséiert war, huet de Bouf geschriwwen, datt hien "frou wier, der Ukrain ze hëllefen". Weider géing hien hoffen, datt d'Ukrain "gewannen a Russland schloen" wäert an, datt den "Putin ze vill Angscht huet, d'Wourecht iwwert de Krich ze soen".

Obwuel hien net mat enger Äntwert gerechent hat, krut seng Schoul d'lescht Woch eng, an där et heescht, de Bréif "huet e Laachen op mäi Gesiicht gezaubert". D'Äntwert war op Englesch geschriwwen a vum Selenskyj selwer ënnerschriwwen.

Säi Schoulmeeschter sot, datt d'Schoul et net hätt kënne gleewen, mä et wier eng "perséinlech Äntwert, an där de Selenskyj dem Thomas fir seng Gedanke Merci seet a sot, datt hien hofft, alle Bierger an der Ukrain Fridden ze bréngen a wéi si d'Stied erëm opbaue wäerten, an datt et him e Laachen an d'Gesiicht gezaubert huet, vun der Ënnerstëtzung aus Groussbritannien ze héieren".

Dem 12 Joer ale Bouf seng Mamm sot BBC, datt si de Bréif arumme wäerten an en eng Éiereplaz an hirem Haus kréie wäert. An och d'Schoul, wëll eng Kopie vum Bréif arumme loossen. Den Thomas hätt sech immens iwwert d'Äntwert gefreet a war houfreg, datt hie souguer e Certificat vu senger Schoul krut.