Zwee 23 Joer al Männer hunn zu Braunschweig een Tram aus engem Depot geklaut an een Tour duerch d'Stad gemaach. Och Passagéier hu se matgeholl.

Déi 2 wieren en Donneschdeg mat der geklauter Bunn vum Tram-Depot zeréck an d'Stad gefuer, esou d'Police e Freideg. Um Braunschweiger Stadhaus sollen se du stoe bliwwe sinn, wou dann och 2 Passagéier erageklomme sinn. Mat dëse sinn déi 2 jonk Männer dunn nach eng Haltestell weidergefuer, ier hinnen ee Maintenancen-Gefier entgéint koum a se doropshi geflücht sinn. Wäit si se allerdéngs net komm. Si konnte scho kuerz duerno vun der Police festgeholl ginn. Alkohol- oder Drogenafloss gouf bei kengem vu béide festgestallt. Och wann et bei der Aktioun weder zu Blesséierten nach zu Beschiedegungen um Tram koum, kann een dovunner ausgoen, dass hier nächst Faart wuel héchstens bis an de Geriichtssall geet.