E Mann aus Mecklenburg-Vorpommern hat Fläschen a Becheren, fir déi een u sech kee Vidange kritt, esou beaarbecht, datt d'Maschinn se awer akzeptéiert huet.

Den Onéierleche mat engem kënschtlereschen Talent hat d'Police vun Neustrelitz in flagranti erwëscht. De Mann hat, wéi d'Police hie gepëtzt huet, 144 Becheren a Fläsche bei sech, fir déi et u sech kee Vidange gëtt, déi hien awer manipuléiert hat.

De Mann hat wuel mat sengem Trick Erfolleg, well hien hat schonn "Leergut" am Wäert vu 25 Euro agescannt a war och den Dag virdru scho gesi ginn, wéi hie Fläschen ofginn hat. D'Ermëttlunge géint de Mann lafen.

Hie war awer net deen éischten, dee probéiert huet, mat Hëllef vu Pfandfläsche méi Suen ze maachen. Zu Bochum gouf 2018 e Mann verhaft, deen als Chef vun engem Gedrénksbuttek d'Maschinnen esou manipuléiert hat, datt hien domadder 1,2 Milliounen Euro verdéngt huet. An och an der Regioun Köln gouf et 2016 en änleche Fall, hei goufe 44.000 Euro "erschwindelt". Béid Fäll ware viru Geriicht gelant.