D'Zueleschlass vum Coffre-fort war futti an d'Dier deemno zougespaart: D'Pompjeeën zu Bocholt hu mat hirem Asaz e Premièresexamen an engem Lycée gerett.

Aus dem Euregio-Lycée ass e Freideg en éischter ongewéinlechen Hëllefsruff agaangen, wéi d'Pompjeeë vu Bocholt mellen. Well d'Zueleschlass vum Safe futti war, war d'Dier zou an d'Premièresexamen agespaart.

D'Pompjeeën hu sech doropshin op de Wee an d'Sekretariat vum Lycée gemaach a konnte mat techneschen Apparater de Coffre-fort esou opmaachen, datt een déi néideg Ënnerlage eraushuele konnt. D'Schüler konnten hir Prüfunge mat enger Stonn Verspéidung dann awer nach rechtzäiteg schreiwen. An d'Pompjeeë si vum Schoulpersonal an den Enseignante gefeiert ginn.