D'kretesch Regionalverwaltung huet e Verbuet fir d'Betriede vun der eigentlech onbewunnter Insel Chrissi (déi Gëllen) verhänkt.

Déi kleng Insel südlech vu Kreta ass fir seng Plagen a seng eenzegaarteg Natur bekannt. An de leschte Joren hate sech dowéinst wärend de Summerméint Mënschen zu Chrissi néiergelooss. Dobäi koume ronn 200.000 Dagesvisiteure pro Joer. Elo wier d'Natur op der Insel awer zerstéiert, wéi et aus engem Schreiwes vun den Autoritéiten heescht.

Virun allem déi sougenannten "Chrissi-Zederen", Beem vun enger Zederenaart, déi souguer um Strand wuerzele kann, sinn immens betraff. E groussen Deel vun de Beem, déi dacks méi wéi 100 Joer al sinn, wiere kuerz virum Agoen, d'Beem wieren entwuerzelt oder verdréchent. Dowéinst wier d'Verbuet néideg, fir der Natur Zäit ze ginn, sech z'erhuelen.

Ursaach fir d'Zerstéierung vun der Natur ass de Mënsch. D'"Summerbewunner", déi an Zelter a selwer gebauten Hütte liewen an esouguer Caféen a Baren opgeriicht hunn, zapen d'Grondwaasser un, dat de Planzen herno feelt. Si maachen Dréck an hu souguer Autoen op d'Insel bruecht. Donieft si vill Leit an d'Insel era gewandert an hunn dobäi jonk Planzen zerstéiert, déi fir déi nei Vegetatioun suerge kéinten. Erlaabt wier et elo just nach, mam Boot bei d'Insel ze fueren a bis un d'Ufer ze schwammen. Op d'Land dierf een awer net méi.