Och wann et just e klengt Blummendëppchen ass, fir d'Weltraum-Landwirtschaft ass et e grousse Schrëtt.

Eng éischte Kéier an der Geschicht vun der Mënschheet ass et Wëssenschaftler gelongen, Planzen a Mond-Äerd ze ziichten. Dat stoung en Donneschdeg an der Fachzäitschrëft "Communications Biology". Fir d'Experiment hu Fuerscher 12 Gramm Buedem vum Mound benotzt, dee Wëssenschaftler wärend Apollo-Missiounen an de 70er Jore gesammelt haten. A kleng Blummendëppe gouf Som vu Planze verdeelt an allkéiers ee Gramm Mount-Äerd dobäi ginn. Zousätzlech gouf et all Dag eng Nierstoff-Léisung.

Am Laf vum Experiment gouf Som an normaler Äerd geséit, souwéi a Buedemprouwen, déi d'Zesummesetzung vum Buedem op der Äerd an um Mars imitéierte sollen. Souwuel an der Mound-Äerd, wéi och an anere Blummendëppercher huet de Som bannent zwee Deeg gekeimt.

No sechs Deeg sollen d'Planzen alleguer gläich ausgesinn hunn, erkläert d'Anna-Lisa Paul vun der University of Florida. Et wieren awer och Ënnerscheeder festgestallt ginn. An der Mound-Äerd sinn d'Planze méi lues gewuess. Hir Wuerzele ware manner ausgepräägt. No bal 3 Wochen (20 Deeg) hunn d'Wëssenschaftler d'Planze recoltéiert an hir DNA ënnersicht. Dobäi koum eraus, dass d'Planzen, déi a Mound-Äerd geziicht goufen, änlech Reaktioune weise wéi Planzen, déi a feindlecher Ëmgéigend wéi beispillsweis salzegem Buedem wuessen.

D'Fuerschunge ronderëm d'Weltraum-Landwirtschaft si wichteg fir laangfristeg Programmer vun der Nasa, fir de Weltraum z'erfuerschen, huet de Chef vun den US-Weltraumautoritéiten ënnerstrach. Fir zukünfteg Projete vun dauerhafte Statiounen um Mound oder Mars wier et essentiell, d'Ressourcen op der Plaz ze notzen, fir d'Astronauten z'ernären.