Dës Milliounenzomm bezilt e Keefer aus Asien fir 126 verstengert Schanken, déi dem Science-Fiction-Film "Jurassic Park" als Inspiratioun gedéngt hunn.

En Dinosaurier-Skelett, dat d'Produzente vun "Jurassic Park" inspiréiert huet, ass zu New York fir méi wéi 12 Milliounen Dollar ënnert den Hummer komm. Dat ënnert dem Spëtznumm "The Raptor" bekannt an aus 126 verstengert Schanke bestoend Skelett vun engem Deinonychus antirrhopus goung bei der Stee en Donneschdeg un en asiatesche Keefer, wéi d'Auktiounshaus "Christie's" matdeelt.

Dat ronn dräi Meter laangt Fossil war virun e puer Joren am Wollef Canyon am US-Bundesstaat Montana ausgegruewe ginn an zanterhier a Privatbesëtz. Mat der Milliounenzomm huet d'Skelett den zweethéchste Präis erziilt, dee jee fir en Dinosaurier-Skelett bezuelt gouf. Den deiersten Dinosaurier ass en Tyrannosaurus Rex, deen 2020 fir 31,8 Milliounen Dollar versteet gouf.

De méi klengen Deinonychus antirrhopus war d'Virlag fir de Velociraptor am Film "Jurassic Park" vum Stephen Spielberg. De Velociraptor ass allerdéngs aus zwou verschidden Aarten zesummegesat, well sech d'Dréibuchauteure beim Entworf vun hiren Dinosaurier e puer kënschtleresch Fräiheeten erlaabt hunn.

Bei der Steet gouf och eng Skulptur vun der "14 Joer aler Dänzerin" vum Edgar Degas versteet. Mat 41,6 Milliounen Dollar ass et de bis ewell héchste Präis fir e Wierk vum franséische Kënschtler. De Plastik "Fraekapp (Fernande)" vum Pablo Picasso huet fir 48,48 Milliounen Dollar de Besëtzer gewiesselt. De Metropolitan Musée zu New York hat dës fir d'Stee fräiginn, nodeems si eng aner Editioun vun der Skulptur geschenkt krut.