Vum Moment un, wou d'Männer déi Statuen aus dem Tempel geklaut hunn, hu si eegenen Aussoen no andauernd Albdreem.

Déi leschte Woch goufe 16 Statue vum Gott Balaji aus engem 300 Joer alen Hindu-Tempel an der Regioun Uttar Pradesh geklaut, dat huet e Policespriecher confirméiert. E Méindeg den Owend hunn déi Onéierlech 14 vun de Figure virum Haus vum ieweschte Priister hannerlooss.

Donieft louch der Police no e Bréif, an deem déi Onéierlech matgedeelt hunn, datt si zanter hirer Dot Albdreem hätten. "Mir konnten net méi schlofen, iessen oder e friddlecht Liewe féieren", schreiwen d'Täter. "Mir hu genuch vun de béisen Dreem a ginn dowéinst dës Statuen zeréck."