Eng rout Gibson, déi dem Noel Gallagher gehéiert huet, gouf zu Paräis am Original-Etui a mat engem handschrëftlechen Ziedel vun de Gallaghers versteet.

Dës Gittar soll d'Enn vun der brittescher Rockband Oasis besigelt hunn.

Den Ausgangspräis louch bei 150.000 Euro, ma zum Schluss vun der Auktioun huet se fir 300.000 Euro de Proprietär gewiesselt. Dobäi koumen nach Fraise vun 85.000 Euro.

Datt déi gefléckte Gittar op enger Auktioun wier, wier e Symbol fir e "Kultmoment" an der Museksgeschicht,  sou de Jonathan Berg, Matgrënner vum Auktiounshaus Artpèges, deen héich zefridden iwwert den Erléis war. Tëscht dem Liam an Noel Gallagher, de Käpp hannert Lidder wéi ënner anerem "Wonderwall" an "Don't Look Back In Anger" vun der weltwäit erfollegräicher Britpop-Band, hat et nach ëmmer vill gekriselt.
Bei engem Concert 2009 zu Paräis soll et Backstage zum Eclat komm sinn: Eng vum Noel senge Gittare wier gebrach an dat hätt och zum Auserneebrieche vu der Band gefouert. Berichter no soll de Liam sengem Brudder seng Gittar express futti gemaach hunn. Nom dramateschen Enn vun Oasis koum nach e jorelaangt Gestreits vun de Gallagher-Bridder.