Et war d'Entdeckung vu sengem Liewen - bis d'Eltere skeptesch gi sinn: 14.900 € hat en 13 Joer jonke Bouf fonnt, déi e Mann mat senger Posche verluer hat.

Wéi d'Police vu München matdeelt, hat den Teenager d'Suen awer net zréckbruecht, mä sech mat senger Clique e schéint Liewe gemaach.

Nodeems hien d'Sue fonnt hat, hätt hien duerch Zoufall e Kolleeg getraff an deem dovu gezielt. Um Enn hätten dräi Jongen an zwee Meedercher am Alter vun ënner 14 Joer vum Geld gewosst. D'Grupp hätt fir d'Meedercher Ouerréng a Bijoue kaf an et wiere Rucksäck an en E-Scooter kaf ginn. Donieft wier d'Clique Bowling spillen an iesse gaangen.

Wéi si schonn d'Hallschent vun de Suen, also iwwer 7.000 €, ausginn haten, wier den Eltere vun de Kanner opgefall, datt hir Kanner iwwert hir Verhältnisser liewen. D'Kanner hätte schlussendlech zouginn, d'Suen, déi si fonnt haten, einfach gehalen ze hunn.

E groussen Deel vun den Akeef hu si zwar missen zréckginn, ma um Schluss hätten awer nach ëmmer 1.000 bis 2.000 € gefeelt, déi d'Elteren dunn zesummegeluecht a mat de Kanner zesummen der Police ginn hunn.

De Mann aus Sauerlach, deen d'Sue verluer hat a schonn net méi dru gegleeft huet, se zréckzekréien, konnt se du bei d'Police siche goen. Well d'Kanner nach ze jonk sinn, goufe si net strofrechtlech bestrooft. Zu engem "klärende Gespréich" iwwert d'Entdeckung vun hirem Liewe wiere si awer trotzdeem virgeluede ginn.