E 37 Joer ale Mann aus Saudi-Arabien ass mat engem Luxuswon déi weltbekannten Trap aus dem 18. Joerhonnert erofgefuer.

E saudiarabeschen Tourist huet lescht Woch e Mëttwoch eng Sprëtztour duerch Roum gemaach. Dobäi ass hie mat engem Maserati déi sougenannte Spuenesch Trap op der Piazza di Spagna erofgefuer. Eng Partie vun den 136 Träpplecke vum Unesco-Weltkulturierwe goufen dobäi beschiedegt.

De Chauffer ass kuerz stoe bliwwen, huet de Luxusauto mat Hëllef vu Passanten aus der mësslecher Situatioun befreit a sech doropshin aus dem Stëbs gemaach, ouni de Virfall ze mellen. An engem Video, deen den Ament an de sozialen Netzwierker zirkuléiert, ass ze gesinn, wéi hien d'Trap erofbriedert.

Wéi hien de Maserati bei der Locatiounsfirma um Fluchhafe wollt zeréckginn, gouf hie vun der Police verhaft. De 37 Joer ale Mann aus Saudi-Arabien huet betount, net gewosst ze hunn, datt hien eng Strofdot begaangen hätt. Fir de Schued, deen hien an der italienescher Haaptstad ugeriicht huet, wëll hie selwer opkommen.

Dëst ass net déi éischte Kéier, dass en Auto iwwert d'Stufe vum Unesco-Weltkulturierwe gefuer ass. Zanter Laangem gëtt ëmmer nees doriwwer diskutéiert, wéi een d'Trap aus dem 18. Joerhonnert besser schütze kann.