Fir een Zeeche géint Massekonsum ze setzen, huet een Amerikaner aus sengem Offall vun deene leschten 30 Deeg ee "Kostüm" gebastelt an ugedoen.

Wéi de 35 Joer alen Ëmweltaktivist Rob Greenfield AFP géigeniwwer erkläert huet, wollt hie weisen, dass Offall net einfach verschwënnt, soubal en an der Poubelle lant.

Dofir huet hie säin eegenen Offall wärend engem ganze Mount gesammelt, fir dorausser eng Aart Kostüm ze bastelen, deen hien dunn och ugedoen huet, fir ee Spadséiergang duerch d'Stroosse vu Los Angeles z'ënnerhuelen. D'Offäll, déi de Greenfield mat sech ronderëm gedroen huet, sollen ee Gesamtgewiicht vun 28 Kilo gehat hunn.

Den Aktivist, dee vu sech selwer behaapt, a sengem Alldag net méi wéi 44 verschidden Objeten ze benotzen, ënnerhëlt reegelméisseg divers Aktiounen, mat deenen hien d'Leit zu méi nohaltegem Konsumverhale beweege wëll. 2019 zum Beispill huet hien dat ganzt Joer iwwer drop verzicht, Liewensmëttel am Commerce ze kafen a sech ausschliisslech vu Recolten a selwer ugebaute Liewensmëttelen ernäert.

Fir säi rezentste Versuch, de Kostüm aus Offall, misst e seng Prinzippien allerdéngs wärend engem Mount bei Säit leeën a wéi een duerchschnëttlechen Amerikaner liewen. De Virwëtz vun de Leit, mä och dem Rob Greenfield säi sympathescht Optrieden, hunn dofir gesuergt, dass e vill Leit mat sengem Message erreeche konnt.

"D'Leit verstinn de Message an dat hëlleft mer, fir all Kategorie vu Mënschen z'erreechen. Verschiddener hunn zwar gemengt, dass ech ee Sans-Abri wier oder psychesch Problemer hätt, mä insgesamt waren d'Reaktiounen immens positiv", sou de Rob Greenfield.