AirHelp huet d'Klassement vun dësem Joer fir d'Fluchhäfe vun der Welt publizéiert. An do gëtt et keng gutt Noriicht fir Leit, déi bannent Europa reesen.

Zanter 2015 aktualiséiert AirHelp all Joer hire Ranking vun de Fluchhäfen op der Welt. Bewäert ginn déi wichtegst Fluchhäfen duerch dräi Krittären: Pénktlechkeet, Qualitéit vum Service an d'Iessen an d'Butteker.

Op der éischter Plaz, also dee beschte Fluchhafen op der Welt, ass den Hamad International Airport am Katar. Ma wärend de Fluchhafe vum Wüüstestaat blénke konnt, sinn eng Partie europäesch Plazen am Klassement erofgaangen a beleeën déi lescht Plazen.

Déi 10 schlechtste Fluchhäfen op der Welt sinn AirHelp no:

Plaz 10 beleet de Fluchhafe London Gatwick a Groussbritannien. 2021 sinn zwar 6,2 Millioune Passagéier iwwert de Fluchhafe verreest, ma schonn 2020 stoung en op der Forbes-Lëscht vun de schlechtste Fluchhäfen. D'Plaz 9 geet un de Billy Bishop Toronto City Airport a Kanada, virum Fluchhafen zu Porto op der 8. Plaz. Hei sinn d'Meenungen awer gespléckt, op anere Sitte gëtt en als "ee vun de beschten an Europa" beschriwwen. De Fluchhafen Paris Orly a Frankräich kënnt op Plaz 7 vun de schlechtste Fluchhäfe weltwäit. Dat ass zwar deen zweetgréisste Fluchhafen an der franséischer Haaptstad, ma wa Passagéier en als "schlëmmste Fluchhafe vun allen Zäiten" beschreiwen, hëlleft dat och net. Nëmmen eng kuerz Fluchstonn ewech lant een op Plaz 6, um Fluchhafe Manchester a Groussbritannien. Hei gi virun allem déi deier Fluchhafentaxen an déi laang Waardezäit beim Gepäckband kritiséiert.

Et geet a Richtung Top 3: Wie mécht d'Course

Déi 5. Plaz geet un den Internationale Fluchhafe Malta, deen eenzege Fluchhafen op der Insel am Mëttelmier. A genee dat kéint de Problem sinn: Well de Fluchhafen esou kleng wier, misste Reesender beim Waarden op hire Fluch souguer um Buedem schlofen. Plaz 4 beleet un den Internationale Fluchhafen Henri Coandă zu Bukarest a Rumänien. Hei wier d'Personal "e bëssen aggressiv" an onfrëndlech. Donieft wier en ze al an et géing ee sech zréck an d'1960er versat fillen.

D'Bronzmedail an domat déi 3. Plaz geet un de Fluchhafen Eindhoven an Holland. Obwuel och dësen den zweetgréisste Fluchhafe vum Land ass, wier en ze kleng an d'Personal wier onhéiflech.

Den Internationale Fluchhafen Kuwait, den zweete Fluchhafen ausserhalb un Europa, kënnt op Plaz 2 vun de schlechtste Fluchhäfen iwwerhaapt. Hei gëtt en iwwele Geroch an "onprofessionellen a luese Boarding" kritiséiert.

And the Loser is:

Op Plaz 1 - dee schlëmmste Fluchhafen iwwerhaapt - beleet de Fluchhafe Lissabon Portela. Ganzer 31 Millioune Passagéier sinn 2019 iwwer Lissabon Portela geflunn an dat ass grad de Problem: d'Passagéier hu sech iwwert déi laang Schlaange bei der Arees beschwéiert. Hei hätt ee scho mol bis zu sechs Stonne misse waarden, nëmme fir duerch d'Passkontroll ze kommen.