Virun 99 Joer sinn d'Zwillinge Friedrich und Levert Rost zesummen op d'Welt komm. Bal ee Joerhonnert méi spéit hu si se och nees zesumme verlooss.

Wéi déi "Neue Osnabrücker Zeitung" mellt wieren déi zwee Bridder just e puer Stonnen noeneen an der Stad am Nordweste vun Däitschland gestuerwen. Bannent den dräi Méint virum Doud vun den Zwillinge wieren och hir Frae gestuerwen.

Déi zwee Bridder an hir Frae wieren esou enk matenee gewiescht, datt si ëmmer nëmmen "d'Kléiblat" genannt gi wieren, esou eng vun hiren Duechteren. Just hiren 21. an hire leschte Gebuertsdag hätten déi zwee Bridder net kënne matenee feieren. Déi eng Kéier, well de Levert Rost am Zweete Weltkrich am Lazarett misst versuergt ginn, déi aner Kéier, well béid Geschwëster gesondheetlech schonn onheemlech ugeschloe waren.

Hiert Liewe laang hätten déi zwee Bridder direkt ëm den Eck vunenee gewunnt, op Familljefeieren déi nämmlecht Kleeder ugedoen, a souguer am Restaurant dat nämmlecht Iesse bestallt, esou eng vun den Duechteren.

D'Meedche vum Levert Rost erënnert sech genee un hirem Papp seng lescht Momenter. Si huet him op der Palliativstatioun gesot: "De Fritz ass elo och schonn emol virgaangen. Du muss elo just nach als Leschten d'Luucht ausmaachen." Doropshin hätt och hire Papp fir ëmmer seng An zou gemaach.