Munch ee wäert sech dëst Joer um Oktoberfest 2 Mol iwwerleeën, wéi vill Béier e wëll consomméieren. De Präis klëmmt op 13 Euro de Maß.

De Präis vum Béier um Münchener Oktoberfest klëmmt dëst Joer deemno ëm bal 16 Prozent. An de verschiddene Festzelter gëtt de Liter Béier tëscht 12,60 an 13,80 Euro ugebueden, wéi d'Wierten an d'Organisateure vun de "Wiesn" en Donneschdeg matgedeelt hunn.

D'Oktoberfest war an de leschten 2 Joer wéinst der Coronapandemie annuléiert. Um leschte Fest 2019 louch de Präis tëscht 10,80 an 11,80 Euro de Maß. D'Hausse no der Zwangspaus läit also duerchschnëttlech bei 15,77 Prozent.

D'Stad München huet de Präis net festgeluecht, setze se awer a Relatioun zu de Präisser an de grousse Münchener Wiertshaiser: Do läit de Präis mat tëscht 6,70 an 11,20 Euro de Maß Béier däitlech méi niddereg.

Ma net just de Béierpräis klëmmt, och de Präis vun alkoholfräiem Gedrénks geet an d'Luucht, wann och net esou staark. Zum Beispill soll e Liter Waasser am Schnëtt 9,67 Euro an domat 80 Cent méi wéi 2019. De Präis vum Limonade ass vun 9,56 op 10,35 Euro geklommen.