E "Séigrasteppech" mat enger Längt vun 180 Kilometer ass wuel déi gréisst Planz op der Welt. Entdeckt gouf se vu Fuerscher virun der Küst vun Australien.

Déi wuel gréisst Planz op der Welt ass e "Séigrasteppech" virun der Westküst vun Australien an erstreckt sech iwwert eng Längt vun 180 Kilometer a gëtt op op d'mannst 4.500 Joer geschat. D'Planz staamt vun der Séigras-Aart "Posidonia australis" of, wéi d'Fuerscher vun der Uni Western Australia an der Flinders Uni zu Adelaide mellen.

Dat botanescht Wonner gouf an der Mieresbucht Shark Bay eng 800 Kilometer nërdlech vu Perth entdeckt, déi zanter 1991 vun der Unesco als Weltnaturierwe geschützt gëtt. Ma eigentlech hunn d'Wëssenschaftler d'Planz nëmmen duerch Zoufall fonnt: Eigentlech wollte si rausfannen, wéi geneetesch divers eng Séigraswiss ass an hunn dofir Prouwe geholl.

Fir erauszefannen, wéi vill verschidde Planzen a Séigraswise wuessen, huet d'Ekipp op sëllege Plaze vun der Bucht Séigras gesammelt an een "Fangerofdrock" aus 18.000 Geenen erstallt. Do koum dann d'Iwwerraschung: All Prouwe ware geneetesch identesch. Domat war dee ganze "Séigrasteppech" een eenzegen Organismus - also eng eenzeg Planz, déi 180 Kilometer grouss ass. Warscheinlech ass d'Wiss aus engem "eenzege koloniséierende Keimling" entstanen, dee sech ëmmer weider ausgebreet huet. D'Gréisst léisst dann och drop schléissen, datt d'Planz eng 4.500 Joer laang gewuess muss sinn.

Déi flaach Ëmgéigend vun der Shark Bay ass zwar ideal fir de Wuesstem vu Séigraswisen, ma wéi d'Planz et gepackt huet, esou laang z'iwwerliewen an dobäi esou gutt ze wuessen, wier e Rätsel. Weider Analyse sollen elo klären, wéi d'Planz esou gutt mat de wiesselenden Ëmweltkonditiounen eens gëtt. Sécher wier, "datt se eng Widderstandsfäergkeet géigeniwwer variabelen an dacks extreeme Konditiounen entwéckelt huet, déi et hir erméiglecht, elo an an Zukunft ze bestoen", heescht et an der Etüd.