Et war net de beschten Dag vum Happel-Stadion, wéi Éisträich et an der Nations League mat Dänemark ze di krut.

Net nëmmen huet d'Heemekipp dëse Match mat 1:2 verluer, mä de ganzen Owend war "wéi verflucht". Als éischt emol huet de Match mat ronn 90 Minutte Verspéidung wéinst enger Stroumpann ugefaangen an dann huet sech am Mëttelkreess vum Stadion zu Wien um Enn vum Match e Lach forméiert, wou labber e Futtball eragepasst hätt.

Zum Gléck ass dëst eréischt kuerz nom Ofpëff opgetaucht, well wär et wärend dem Match geschitt, hätt dëst kéinten de Verletzungsrisiko däitlech erhéijen an de Match wier wuel nach eng Kéier fir länger Zäit ënnerbrach ginn.

Wéi d'Lach entstanen ass, ass nach net gewosst. Dat den Ouschterhues op Péngschtméindeg awer eppes domadder ze dinn huet, ass awer auszeschléissen.