Zu Teheran sinn e puer Onéierlecher an eng Bank-Filial vun der gréisster iranescher Bank agebrach.

Ganzer 168 Casieren hunn d'Brigangen eidel geraumt a sech aus dem Stëbs gemaach. Dat huet déi staatlech Bank Melli en Dënschdeg matgedeelt. Weder d'Bank, nach d'Police huet dobäi Donnéeë bekannt ginn, wéi héich de Schued ass.

D'Täter hunn den Nationalfeierdag e Sonndeg ausgenotzt, fir d'Schlass vun der hënneschter Dier vun der Bank opzebriechen. Duerch dës Dier si si dann och nees verschwonnen an hu se, wéi wann näischt gewiescht wier, nees hannert sech zougezunn. Den Alarm gouf zwar ausgeléist, awer vum Chef vun der Bank ignoréiert, well et alt schonn dacks zu falschen Alarmen an där Bank komm wier. Dëst huet d'Police dementéiert.

Op de soziale Reseaue gëtt natierlech de Geck gemaach, et wier en Abroch wéi aus engem Hollywood-Film.

Géint e puer Employéen gëtt wéinst dem Verdacht op "Fahrlässegkeet" ermëttelt. D'Bank Melli huet erkläert, dass sämtlech Geschiedegt de Schued komplett ersat kréien.