A Groussbritannien sinn d'Iwwerreschter vum wuel gréisste bis ewell bekannten Dinosaurier an Europa entdeckt ginn.

"Dat war e risegt, méi wéi 10 Meter laangt Déier", huet de Chris Barker, en Doktorand un der Universitéit Southampton en Donneschdeg erkläert. Hie war am Grupp vu Fuerscher un der Ënnersichung vun den Iwwerreschter vum Dinosaurier bedeelegt.

De gréissten Deel vun de Schanken hat de bekannte brittesche Fossiliensammler Nick Case op der Ilse of Wight fonnt, déi gréisste brittesch Insel, déi viru Southampton am Äermelkanal läit.

De Barker huet präziséiert, et wieren zwar net besonnesch vill Schanke fonnt ginn, ma "Zuele leien net" - e wier méi grouss wéi de gréissten Exemplar an Europa, dee bis ewell fonnt gouf. Deen un der Etüd net bedeelegten US-Paleontolog Richard Holtz sot, dësen Dinosaurier schéngt tatsächlech "méi grouss ze sinn", wéi all aner sougenannte Raubsaurier an Europa, deem seng Iwwerreschter 2014 a Portugal entdeckt gi waren.

De Grupp Fuerscher un der Universitéit Southampton huet mat Hëllef vun de Schanken eng bis ewell onbekannten Dinosaurier-Aart identifizéiert an huet se virleefeg als "White Rock Spinosaurus" bezeechent. Dat geet aus der an der Fachzäitschrëft "PeerJ" verëffentlechter Etüd ervir. Dës Aart Saurier muss virun ongeféier 125 Millioune Jore gelieft hunn.
De Fuerscher Chris Barker huet weider erkläert, dass dësen Exemplar domat de jéngste Spinosaurus wier, dee jee a Groussbritannien fonnt gouf - 2 bis 3 Millioune Joer méi jonk wéi de relativ bekannte Baryonyx. Spinosaurier si fir hir längelzeg Kappform bekannt, änlech wéi bei Krokodillen. Den Tyrannosaurus Rex hat e këschtefërmege Kapp. Enger wäit verbreeter wëssenschaftlecher Theorie no hänkt d'Kappform domat zesummen, dass de Spinosaurier souwuel am Waasser wéi och u Land Déieren erbeute konnt.