D'Kshama Bindu aus dem westindesche Bundesstaat Gujaret huet sech den 8. Juni bestuet an zwar eng Persoun, déi si besonnesch gutt kennt. Sech selwer.

Déi 24 Joer jonk Soziologin an Influencerin huet sech an enger traditioneller Hindu-Zeremonie bestuet. Si wollt déi éischt Fra sinn, déi "Sologamie" op dës Manéier zelebréiert. Hir Hochzäit mat sech selwer wier "en déiwen Akt vu Selbstacceptanz" a si hätt sech dozou entschloss, fir anere Fraen ze weisen, dass si selbststänneg kënne sinn.

A wéi et eng traditionell Hindu-Hochzäit virgesäit, gouf de volle Programm duerchgezunn. Nieft engem Haldi-Bad, bei deem Ueleg a Waasser mat Gelbwuerzel gemëscht ginn an als Seegen op d'Haut opgedroe gëtt, gouf et och e Sangeet, eng traditionell Zeremonie mat Musek an Danz. D'Kshama Bindu huet sech hir Hänn mat Henna bemole gelooss an d'Hier mat Zënnpolver fierwe gelooss, ier si an den Tempel gaangen ass. Do huet si en hellegt Feier ugefaangen an huet déi 7 Schrëtt ronderëm d'Flamen eleng - amplaz mam Partner - gemaach. Souguer eng Hochzäitsrees ass geplangt. No der Zeremonie geet et 2 Wochen op Goa an d'Vakanz.

D'Bundi seet vu sech selwer, si wier bisexuell. Fir hir Solo-Hochzäit hat si d'Zoustëmmung vun hirem Papp, engem Ingenieur aus Südafrika, an hirer Mamm, och Ingenieurin aus Indien, kritt. E Paschtouer war och séier fonnt. Selbstbestietnisser sinn an Indien awer bei wäitem net esou beléift, wéi am Westen, sou d'Kshama Bindu, dohier hätt si decidéiert, dësen Trend ze lancéieren an anerer z'inspiréieren. "Vläicht gefält de Leit meng Iddi net, awer ech sinn iwwerzeegt, dass ech dat Richtegt maachen."