An der archeologescher Stad Pompeji an Italien ass neierdéngs e ganz besonnesche Wuechthond am Asaz. E Robotermupp.

Dat ferngesteiert Déier, dat ausgesäit wéi eng Kräizung tëscht Hond an Insekt, ass dës Woch duerch déi stenge Gaasse vun der anticker Gaass getrëppelt an huet do fir Begeeschterung bei den Touriste gesuergt. De Roboterhond huet och en Numm. De Spot soll déi schwéier zougänglech Beräicher an der grousse Ruinestad inspizéieren, Date sammelen an op Sécherheetsproblemer opmierksam maachen.

De Spot soll besonnesch awer an ënnerierdesch Beräicher, déi aus Sécherheetsgrënn vu Mataarbechter net betratt kënne ginn, an den Asaz kommen, sou den Direkter Gabriel Zuchtriegel géintiwwer der AFP. Donieft soll de Robotermupp onerlaabt Ausgruewungen detektéieren, zu deenen et an der Regioun ëmmer nees kënnt.

De mechanesche Mupp weit 70 Kilo an ass ongeféier esou grouss wéi e Golden Retriever. E gëtt mat enger Tablet gesteiert. Entwéckelt gouf de Roboter an der dofir spezialiséierter US-Firma Boston Dynamics. Der Internetsäit vun der Firma no kann de Spot a verschiddene Branchen agesat ginn, zum Beispill op Schantercher, a Minnen oder a Fabricken. De Roboterhond am Wäert vu 75.000 Dollar - ëmgerechent ronn 71.000 Euro - gëtt zu Pompeji elo mol eng éischte Kéier getest.