An Däitschland huet ee Mann säin Auto vollgetankt an huet sech ouni ze bezuelen duerch d'Bascht gemaach. Wäit komm ass hien allerdéngs net.

Dem 36 Joer ale Mann seng Rechnung ass net opgaangen: Schlussendlech huet hien ouni Auto an ouni säin Diesel zu Fouss misste virun der Police flüchten, nodeems hien an een aneren Auto gerannt war. 160 Liter Diesel hat de Mann a säin Auto getankt - bei engem Dieselpräis vun 2 Euro wier dee ronn 320 Euro wäert gewiescht. De Wee bei d'Keess huet de Mann allerdéngs net fonnt. Hien ass einfach fortgefuer.

Op der Flucht huet de Mann eng rout Luucht ignoréiert a krut den Auto vun engem 78 Joer ale Mann ze paken. Béid Chauffeure goufen dobäi liicht blesséiert. De presuméierten Dieselräiber ass dunn zu Fouss weider geflücht, gouf awer kuerz drop vun der Police gepëtzt. Ënnert anerem war ee Policehond an den Asaz komm.

D'Police schätzt de Schued op eng 20.000 Euro. Fir de 36 Joer ale Mann wäert seng Sprëtztour awer nach een Nospill hunn. Hie stoung wärend der Dot ënner Drogen- an Alkoholafloss, hat falsch Nummereschëlder op sengem Auto a war schonn e puermol virbestrooft.