D'Passagéier vun engem British-Airways-Fluch vu London op Washington DC hunn net schlecht gestaunt, wéi bemol Waasser vum Plaffong erof gestréimt war.

Grond heifir war eng Fuite an engem Ventil, dat fir d'Drénkwaasserversuergung um A380 geduecht war. Wéi op Videoen an de soziale Medien ze gesinn ass, war d'Waasser vum ieweschten an dat ënnescht Deck gestréimt. D'Passagéier goufen doropshin an aner Deeler vum Fliger evakuéiert.

Geschitt war dat Ganzt, nodeems de Fliger siwe Stonnen ënnerwee war a ronn 9 Kilometer iwwert dem Atlantik geflunn ass. Wéi et vun British Airways heescht, waren d'Passagéier awer zu kengem Zäitpunkt a Gefor. De Fliger war sécher zu Washington DC gelant an d'Ventil gouf ausgetosch.