Beim Röntge vun de Koffer sinn d'Korallen, déi d'Touristen eegenen Aussoen no als Souvenir Kaf huet, entdeckt ginn.

D'Leit koume mam Fliger aus Thailand zeréck an Däitschland an haten an hirem Gepäck iwwer siwe Kilo geschützt Korallen dobäi. Entdeckt goufen dës schonn Ufank Juni, ma den Zoll vu München huet dat eréischt e Freideg matgedeelt.

Eleng fënnef vun de siwe Kilo goufen an engem eenzege Koffer fonnt. Awer kee vun den Touristen hat déi néideg Dokumenter bei sech, fir déi si gebraucht hätten, fir déi geschützte Korallenaart ze exportéieren.

Den däitschen Zoll huet dann en Opruff un d'Touriste gemaach, datt si beim Kafe vu Souvenire sollten oppassen. Ëmmer nees féieren déi zu Problemer op der Grenzen a Fluchhäfen.