Well hien op Kreta 5 jonk Kazen an enger Poubelle entsuergt huet, kéint een 59 Joer ale Mann eng Geldstrof vun enger Véierelsmillioun Euro kréien.

Wéi et vun der griichescher Zeitung "Kathimerini" e Freideg geheescht huet, soll de Mann d'Kazen un enger Schnellstrooss an eng Poubelle geheit hunn. Entdeckt goufe se vun enger Fra, déi de Virfall bei der Police gemellt huet. Déi huet de presuméierten Täter dunn iwwer Opname vun enger Iwwerwaachungskamera identifizéiert an eng Plainte deposéiert. Iwwerlieft huet vun de fënnef jonke Kazen nëmmen eng.

Am Joer 2021 huet Griicheland säin Déiereschutzgesetz massiv verschäerft. Geld- a Prisongsstrofe fir Mord un Déieren an Déierequälerei goufen erhéicht, sou dass op de Mann pro Kaz eng Strof vu 50.000 Euro, also am Ganzen 250.000 Euro duerkomme kéint.