Wann et ëm d'Grille geet, versti verschidde Leit kee Spaass. Sou och um Bostalsee, wou sech de Weekend iwwer e puer Dose Leit an d'Hoer kruten.

D'Police Nordsaarland huet e Sonndegnomëtteg missen op der Plage Bosen intervenéieren, well sech zwou Famillje vun ënnerschiddlechen Natiounen zerklappt hunn. Grond war eng Grillplaz, déi béid Parteie fir sech beusproche wollten.

Eng 40 Persoune waren un der Massekläpperei bedeelegt, blesséiert gouf awer keen. Géint eng vun den involvéierte Persoune gouf et eng Plainte, well déi sech trotz Verbuet op der Plage opgehalen huet.

Wéi eng Famill schlussendlech op där Grillplaz bleiwen duerft oder ob alle béid hu misse verschwannen, huet d'Police allerdéngs net verroden...