E Spierhond huet um Fluchhafe Leipzig/Halle op e Pak opmierksam gemaach, deen aus dem Senegal sollt iwwer Däitschland an de Laos transportéiert ginn.

Wéi d'Douane de verdächtege Pak opgemaach huet, sinn d'Beamten op 844 gedréchent Séipäerd gestouss. D'Wuer hat e Gewiicht vun am Ganze ronn 5 Kilo.

Séipäerd zielen zu den am meeschte menacéierten Déierenaarte weltwäit. Am Prinzip gi si duerch d'Washington-Aarteschutz-Ofkommes geschützt. Den Import an Export vun aartegeschützten Déieren a Planzen, souwéi d'Wueren, déi aus hinnen hiergestallt ginn, sinn ouni bestëmmten Aarteschutzdokumenter verbueden.