Ëmmer méi Mënsche si genervt vun Dating-Websäiten oder Tinder, ma fir dass Singelen awer sollen zouenee fannen, gouf et elo nees méi traditionell.

An der südjapanascher Stad Miyazaki huet sech e Projet zum Erfollegsmodell entwéckelt, bei deem Singele mat handgeschriwwe Bréiwer Kontakt mateneen ophuelen. Bréiwer wiere méi effektiv wéi digital Noriichten, well de Verfaasser hei all Wuert präzis eraussiche muss, sou d'Rie Miyata, déi d'Firma mat der méi ongewéinlecher Single-Bourse am Optrag vun der Stad bedreift.

E Bréif schreiwen, dauert méi laang wéi eng Noriicht op enger Online-Plattform oder an enger App, erkläert d'Miyata. Dëst hätt si dozou inspiréiert, "sech d'Persoun, mat där ee kommunizéiert, virzestellen". Bei dëser Aart Partnersich geet et deemno manner ëm d'Schreifkonscht a méi dorëm, dass een all eenzelt Schrëftzeechen éierlech a gutt iwwerluecht ass an et sollt een dobäi fest un déi Persoun denken, där ee grad schreift.
De Projet ass 2020 lancéiert ginn an huet mat ronn 450 User eng duebele esou héich Resonanz, wéi sech dat erwaart gouf. Ronn 70 Prozent vun de Bréifschreiwer si méi jonk wéi 40 Joer. D'Administratioun vu Miyazaki erhofft sech vun der analoger Partnerbourse eng Steigerung vum relativ schwaache Gebuertstaux.

D'Ekipp ronderëm d'Rie Miyata bréngt d'Bréifverfaasser op Grondlag vun den Informatiounen zesummen, déi si virdrun iwwermëttelt haten, zB Liblingsfilmer a -bicher oder sportlech Aktivitéiten. Anescht wéi bei Dating-Apps kréien d'Singelen am Virfeld just den Alter vun hirem Bréiffrënd oder -frëndin matgedeelt, de Beruff awer net. Och Fotoe vum potentielle Partner ginn et virdrun net.

A genee dat ass den entscheedende Facteur, just mat Hëllef vun de Bréiwer kann een d'Perséinlechkeet vum anere beurteelen. D'Bréiwer komme fir d'éischt bei der Partnerbourse un, do gi se vun de Mataarbechter op eventuell Beleidegungen oder obszön Bemierkungen ënnersicht an da weidergeleet. Bis ewell hunn 32 Koppelen en Treffen arrangéiert an op d'mannst 17 Koppele sinn tatsächlech zesummekomm.

Partnervermëttlung och mat Hëllef vun Administratiounen ass a Japan keng Seelenheet. D'Bevëlkerung zielt zu den eelste weltwäit, ma Japan huet och den nidderegste Gebuertstaux iwwerhaapt. D'lescht Joer huet Japan mat nëmmen 811.604 Gebuerten en neit Rekorddéif erreecht. Fraen a Japan kréien am Duerchschnëtt 1,3 Kanner, vill ze wéineg fir d'Bevëlkerungsgréisst stabel ze halen.