En normale Sträit ënner e puer Kanner huet déi Erwuessen op de Plang geruff, ma net fir ze schlichten oder mam gudde Beispill virzegoen.

De Sträit ënnert de Kanner am nordrhein-westfäleschen Dortmund huet sech zu engem brutale Sträit ënner Familljen an zu enger relativ grousser Mënschenusammlung gefouert. Der Police no hunn d'Asazekippe vum Weekend wärend dem Virfall e Freideg den Owend zäitweis iwwer 100 Leit gezielt,vun deene sech der 8 bis 10 aktiv un enger Kläpperei bedeelegt haten. All déi aner Leit ware "Gaffer".

Wärend der Ausernanersetzung tëscht de Membere vun 2 Famillje goufen der Police no phaseweis och Fläschen a Knëppelen als Waff benotzt. Blesséiert gouf keen an d'Situatioun hätt sech och séier nees berouege gelooss.  D'Sträitparteie konnte getrennt ginn an e puer Leit kruten e Platzverweis. Ausléiser vum Sträit war de leschten Informatiounen no eng Meenungsverschiddenheet ënner Kanner.